passer au contenu principal passer au menu principal

2019: Theaterowend am ECG: Macdéngens

Théâtre | 13.03.2019

Eisen Theaterowend war erëm e riesen Erfolleg! En grousse Merci un Schüler, déi hir Rolle perfekt gespillt hunn, an un eis Chorale, déi deen Owend musikalesch begleet huet. En riise Merci geet awer och un all déi aner engagéiert Proffen an un eise motivéierte Service technique, ouni déi deen Owend net esou perfekt ofgelaf wär!!!

Theatergrupp aus dem ECG huet MacDéngens vum Barbara Seeliger
gespillt: En Theaterstéck am Theaterstéck. (iwwersat an adaptéiert fir den ECG)

Contenu vum Theaterstéck:
Wéi all Joer stellt sech eng Schüler-Theatergrupp der Erausfuerderung en Theaterstéck op d’Bühn ze bréngen.
Déi (vill ze) kléng Spillcrew ass héich motivéiert a bereet ee vun de berühmtsten Theaterstécker fir: „Macbeth“ vum Shakespeare. Leider lafen d'Prouwen net ganz esou of wéi vum Regisseur geplangt...




» photos