skip to main content skip to main menu

CLIJA 1: Projet Stop&Go (Partie 2)

CLIJA | 22.01.2020

Wat ass de Projet Stop&Go? Et ass e Projet vun der CLIJA (Classe d’Insertion de jeunes adultes), also Jonker vu 16-18 Joer déi eréischt zënter kuerzem zu Lëtzebuerg sinn, déi aus ganz verschiddene Länner kommen, a wärend engem Schouljoer haaptsächlech Franséisch (15 Stonnen d’Woch), awer och Englesch, Lëtzebuergesch, Mathe, Info, Konscht an Turnen am ECG hunn.

De Projet ass an zwou Partien (9. bis 13. Dezember) an (13. bis 17. Januar) opgedeelt, bei deem et haaptsächlech drëms geet fir ausserhalb vum Klassesall nei Kompetenzen ze entwéckelen. Thematesch geet et drëm fir eng emotional Analys an e Point ze maachen iwwert d’Vergaangenheet, dat heescht den eegene Liewenswee (Stop) an dann no vir ze goen, op déi aner Mënschen zouzegoen an eppes aktiv ze bewierken (Go). Déi zwee Deeler ginn all Kéiers duerch en Evenement clôturéiert.

Wat war also den zweeten Deel? Nodeems d’Schüler eng Woch laang moies an Atelieren haaptsächlech un hire kommunikative Kompetenze geschafft hunn, koum et zum ofschléissenden Evenement, wou d’Publikum net nëmme Spectateur ass, mä sech aktiv mat bedeelegt: Et ass un sech e "Marché noir”, dat heescht et gi fofzéng Leit gebraucht déi de Schüler wärend enger hallwer Minutt e Problem stellen (z.Bsp: ech muss e puer Deeg fort an ech hunn awer eng kleng Kaz doheem, wat fir eng Léisung kanns du mir proposéieren?), an d’Schüler hunn dann eng Minutt fir Suggestiounen ze maachen an de Problem ze léisen. Wa gepaff gëtt geet all Schüler bei en aneren Erwuessenen. Theoretesch geet et op Franséisch, mee et kann duerchaus virkommen dass Englesch oder eng aner Sprooch fir ze depanéiere geholl gëtt.

Wéi schonn a vergaangene Joren, waren all d’Bedeelegt sech eens, dass d’Resultat remarkabel ass, wann ee bedenkt dass déi Schüler eréischt zënter knapps véier Méint am Land sinn, an sech mat engem limitéierte Vokabulär a vill Courage deenen Aufgabe gestallt hunn. Souwuel fir d’Schüler, wéi och fir déi Erwuessen (déi 15 ganz verschidde Léisunge fir hire Problem kruten) e wichtegt an interessant Erliefnes, wat de Schüler vill Selbstvertraue geschenkt huet.

E grousse Merci alle Bedeelegten.


» photos