passer au contenu principal passer au menu principal

Demokratiekultur an eise Lycéeën

Activités | 25.04.2019

“Matschwätzen, matentscheeden a matgestalten”

Donneschdes, den 25 Abrëll, hunn 6 Léit aus dem ECG, dorënner 2 Vertrieder vum Schülercomité, 2 Vertrieder vun den Junior Ambassadeuren, 1 Vertrieder vum SePAS an 1 Enseignant, un enger Formatioun iwwer den demokrateschen Fonctionnement an den Schoulen zu Lëtzebuerg deelgeholl.



Schüler sollten an Atelieren doriwwer diskutéieren wei si sech op engem demokrateschen Wee méi kennen an hiren Lycéeën engagéieren an matentscheeden. D’Atelieren hunn ëmmer verschidden Sujeten behandelt wéi z.B. den Rôle vum Schülercomité, Entstehung vun engem Schülerrot, Kultur vum Schülerstreik, Aféierung vun enger Projetswoch, Matgestaltung vum Cours asw. Doriwwer eraus kruten Vertrieder vum SePAS an och Enseignanten en Androck wéi Schüler hiren Lycée an dësen Fonctionnement gesinn. D’Resultat vun dësem gelongenen Dag war dat vill nei Iddien an Projet’en zeréckbehalen ginn sinn vir Demokratie an eisen Schoulen ze fuerderen an dat all Member vun der Communautéit Méiglechkeet huet sech ze investéieren.

Organiséiert an encadréiert gouf dësen Dag vum Mouvement Écologique an der Jugendbewegung move an Zesummenaarbecht mam Zentrum fir politesch Bildung (ZpB), der Conférence Nationale des Élèves (CNEL) an ënnert der Schiermherrschaft vum Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse an der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte. (Ewen Marylène)


» photos