passer au contenu principal passer au menu principal

Témoignage vum Ravda Nur Cuma

Engagement humanitaire | 28.03.2019

Den 28. Mäerz haten d'Schülerinnen an d'Schüler vun den 2e déi eemoleg Geleeënheet dem Ravda Nur Cuma senger Liewensgeschicht nozelauschteren. A Begleedung vum Ambassadeur Georges Faber huet déi jonk Fra - no enger Introduktioun iwwer déi dramatesch Situatioun a Syrien - hire schwierege Parcours op eng beandrockend Aart a Weis mat de Jugendleche gedeelt.

Dem Ravda Nur Cuma ass et dank senger immens staarker Perséinlechkeet gelongen sech mat véierzéng Joer géint hier eegent Kannerbestietnis ze wieren, ëmmer mat dem Dram dierfen an d'Schoul an och spéider op eng Uni ze goen. Iwwerhaapt schreift déi jonk Syrerin der Educatioun eng immens wichteg Plaz zou an ass immens engagéiert fir jonk Meedercher aus hirem Heemechtsland géint sexuell Gewalt ze protegéieren. An deem Kontext huet d'Ravda Nur Cuma och hier eege Fondatioun gegrënnt, där si sech mat vill Häerzblutt widmet.

D'Ravda Nur Cuma ass 2011 mat hirer Famill an d'Tierkei geflücht. A ganz kuerzer Zäit huet si sech selwer Tierkesch bäibruecht an sech de Journaliste matgedeelt fir op déi ganz schwéier Situatioun a Syrien opmierksam ze maachen. Si war och sechs Méint an Amerika an huet do beandrockend séier Englesch geléiert, och fir hier Geschicht international weiderzeginn. Nieft hirem exemplareschen Engagement, wat vill Jonker begeeschtert a beréiert huet, studéiert d'Ravda Nur Cuma quasi nierwebäi "sciences politiques & relations internationales" op der Uni vu Gaziantep. Déi jonk Syrerin ass also a méi ewéi enger Hisiicht ee Virbild fir déi Jugendlech.




» photos