passer au contenu principal passer au menu principal

Porte Ouverte ESG

Cellule d'orientation et d'intégration | 13.05.2019

Um Méinden Owend, den 13. Mee, huet den ECG seng Dieren opgemaach, fir Elteren a Schüler den ESG virzestellen.

Vill Interessente waren do a si souwuel vu Schüler wéi och vu Proffen duerch de Lycée begleet ginn, hunn enger Presentatioun vum Direkter, dem Här Britz, nogelauschtert a konnten d´Produiten an d´Mini-entreprise vun den 2e-Schüler bewonneren.
Och den Theatergrupp an d´Chorale waren op der Platz an hunn fir e liewegen Owend gesuergt, dee sou séier kee vergiesse wäert.


» photos