passer au contenu principal passer au menu principal

Diplomiwwerreechung 1GCG/GCC 2018/19

Enseignement secondaire | 04.07.2019

En Donneschden, den 4. Juli, huet, ënnert der Präsenz vum Pierre Kayser, eemolegem Direkter vum ECG, d´Diplomiwwerreechung stattfonnt.

Am Bäisin vun Famill, Frënn, Enseignanten souwéi der Direktioun konnten sech d´Schüler vun der 1eGCG an der 1eGCC iwwert hiren wuelverdéngten Schoulofschloss an op den Start an hier Zukunft freeën. Nieft enger Ried vum Direkter Joseph Britz, huet ënnert anerem och d´Camille Felten, als Stellvertriederin fir all d´1e-Schüler an Schülerinnen, d´Wuert un den Plenum geriicht. Nodeems all Schüler säin Diplom entgéint geholl hat, goufen nach déi bescht Laureaten ënnert hinnen ausgezeechent. Fir Ënnerhalung wärend der Zeremonie hunn den Danzgrupp Li Marteling grad esou wéi d´Chorale aus dem ECG gesuergt. Mat engem Trompettensolo vum Tom Hilger, Schüler aus dem ECG, huet d´Diplomiwwerreechung dann en flotten Ofschloss fonnt.


» photos