skip to main content skip to main menu

Visitt vum Educatiounsminister

Introduction | 08.03.2023

De Méinde 6ten Mäerz huet den Educatiounsminister Claude Meisch den ECG besicht an zwou Aktivitéiten gewise krut.

Op der Matinée des experts vun den 2e Klassen aus der Sektioun Marketing, Media, Communication krute Gruppe vu Schüler jeeweils ee Cas d’étude vun Experten (IPIL, CNPD an der Agence de communication Moskito) ze léisen. D’Schüler hunn sech mam Här Minister iwwer hir Iddien ausgetosch déi se Mëttes virun den Experte misste presentéieren.

Dono ass den Här Minister op d‘2e Klass vun der Sektioun Finance gaangen. D’Schüler hunn am Fach Gestion de portefeuille titres un hire Portfolioe geschafft déi si mat fiktive Sue mee mat reelle Wäerter vun der Bourse geréieren. Den Här Minister huet sech Zäit geholl vir mat de Schüler iwwert hir ënnerschiddlech Strategien ze schwätzen.

Den ECG seet dem Minister Meisch Merci vir seng Visitt.

Photos: P. Galbats




» photos