skip to main content skip to main menu

Visite bei der Firma Fischer (Panelux)

Enterpreneurship at ECG | 19.03.2019

D’Schüler vun der 4GCM2 haten am zweeten Trimester d’Méiglechkeet d’Firma Fischer (Panelux) zu Menster ze besichen.

Bei der Visitt goufen si vun engem Mataarbechter vun Fischer kompetent begleet an si kruten d’Funktiounen vun dëser Firma erkläert. D’Visitt gouf vun léierräichen kuerzen Filmer ënnermoolt, déi di eenzel Prozesser vun der Hierstellung gewisen hunn. Si kruten en Abléck an d’Produktioun, wou awer leider manner lass war, well déi meeschten Produite an der Nuecht produzéiert ginn. Den Schüler huet et gutt gefall an si waren verwonnert dat Fischer och weit an d’Ausland exportéiert. Dat d’Firma op regional Produiten setzt huet och gefall, esou wéi Geschicht déi dës Firma gepräägt huet.




» photos