passer au contenu principal passer au menu principal

Introduction

ECG bâtimentAn der Ekonomie, an do wësse mir an eiser Schoul vu wat mir schwätzen, gi gären Bilanze gezunn, besonnesch bei Saachen déi nei sinn. An de lëschten Joer ass vill geschitt an eiser Schoul, am konstruktive Matenee vun Elteren, Schülerinnen a Schüler, Studentinnen a Studenten a motivéierten an engagéierte Kolleginnen an Kollegen Professeren. Dovunner lieft eng Schoul!
Ech zielen hei elo net all Aktivitéit eenzel op, well si sinn alleguerte wichteg, a wéi bei engem Puzzle maachen déi vill verschidde Stécker e schéint Bild aus, wat multikulturell, faarweg, exigent an zukunftsorientéiert ass.
Eis Schoul huet e Logo, dee jonk, dynamesch a schwongvoll ass. Esou ass och eis Schoul mat hirer Maxime: Living the future today! Net um Alen, u Vergaangenem oder un Eppes wat schonn iwwerholl ass, festhalen, mee konsequent no vir kucken, op d’Erfarung aus der Vergaangenheet opbauen an nei Weeër goen, innovativ si fir eis Schülerinnen a Schüler optimal op d’Zukunft virzebereeden, si zou verantwortungsbewosste jonke Leit ausbilden, fir datt si d’Leader an d’Manager vu muer a Wirtschaft a Gesellschaft kënne ginn.
D’Qualitéit vun der Aarbecht an der Schoul hänkt net nëmme vum Direkter a sengen direkte Mataarbechter of, mee vill méi an an éischter Linn vun der Bereetschaft an dem Asaz vun der ganzer Schoulgemeinschaft. Am ECG spiert een e Schoulklima dat, op alle Säiten, d’Leit motivéiert eng Hand mat unzepake fir der Schoul an hirer Eenzegaartegkeet ëmmer erëm eng nei Dynamik ze ginn.
D’Schoul verschléisst sech net den Erausfuerderungen a mécht sech konsequent op de Wee d’Partenariat mat den Entreprisen ze stäerken a Partnerschoulen am Ausland ze fannen.
Niewent den Sekondärsklassen vun 4e bis 1re an den Owescoursen war den ECG déi éischt Schoul hei zou Lëtzebuerg déi vun 1990 un BTS-Formatioune ubitt. 3 BTS-Formatiounen kucken op déi laang Entwécklungsgeschicht zréck an zwou néi Formatiounen sinn dobei komm. Des Weideren bitt den ECG och als éischt Schoul zanter 2017 eng Bachelorformatioun am Beräich vun der Comptabilitéit an der Fiskalitéit an Zesummenaarbecht mat der Universitéit vun Lëtzebuerg un.
Wann een en Zil erreecht huet, gëllt et net sech auszerouen, mee dat soll eis uspornen, eis neien Erausfuerderungen ze stellen. Et brauch Zouversiicht, Courage, Visiounen – zesumme si mir staark a mir brauche keng Angscht ze hu fir der Zukunft vun eiser Schoul an d’Aen zu kucken.

Joseph Britz
Direkter

L’enseignement et l’intelligence artificielle

05.02.2024

Le 5 février, le personnel de l'ECG a participé à une demi-journée pédagogique portant sur l'enseignement et l'intelligence artificielle. La formation a été dispensée par M. Serge Linckels, responsable du Digital Learning Hub. La formation a couvert l'historique et le fonctionnement de l'IA, ses tendances actuelles et son impact sur la société, ainsi que l'application et le fonctionnement de ChatGPT pour l'enseignement.

Lire la suite



Konferenz iwwert Finanzerzéiung

25.03.2023

Artikel an Video op rtl.lu

https://www.rtl.lu/news/national/a/2044885.html

Lire la suite



Visitt vum Educatiounsminister

08.03.2023

De Méinde 6ten Mäerz huet den Educatiounsminister Claude Meisch den ECG besicht an zwou Aktivitéiten gewise krut.

Lire la suite



Visite de LL.AA.RR. le Grand-Duc et la Grande-Duchesse

18.11.2022

Le mercredi 9 novembre 2022 l’École de Commerce et de Gestion a eu le grand honneur de souhaiter la bienvenue à LL.AA.RR. le Grand-Duc et la Grande-Duchesse. Un échange entre LL.AA.RR., les élèves et étudiants a eu lieu sur différents programmes spécifiques à l’ECG, l’entrepreneurial education avec toutes ses étendues étant le point de mire. Les élèves et étudiants motivés ont présenté de façon claire et informative leurs activités entrepreneuriales et les sections propres à l’ECG. Les « félicitations pour cette magnifique école du futur » exprimées par LL.AA.RR. encouragent la communauté de poursuivre leur engagement avec plaisir et détermination.

Lire la suite



E Maskottche fir den ECG

20.10.2022

Den ECG presentéiert säin neit Maskottchen.

Lire la suite



Nouvelle brochure de l'ECG

19.05.2022

Nous sommes fiers de vous présenter notre nouvelle brochure réalisée en collaboration avec Liz Kummer Design Studio.

Elle est divisée en deux parties : une première s’intéresse au « Mindset » de notre établissement scolaire, détaillant l’offre scolaire ainsi que les activités entrepreneuriales qui constituent un élément clé de l’ECG, une deuxième intitulée « Network » laisse la parole à nos partenaires externes. Des articles en lien avec le domaine de l’Économie et de la Finance sont complétés par des témoignages personnels mettant l’accent sur les relations enrichissantes de l’École de Commerce et de Gestion avec le monde professionnel.

Vous pourrez à tout moment consulter la brochure en ligne sur le site Internet www.ecg.lu/brochures ou bien venir récupérer la version papier gratuite au secrétariat.

Lire la suite



Retrouvez-nous sur les réseaux sociaux

05.06.2019

L’ECG est présente sur les réseaux sociaux (LinkedIn, Facebook et Instagram) !

Lire la suite