Seit Januar 2017, huet den ECG eng Conventioun mat 2 ONGen ënnerschriwwen. Fir onst Partenariat duerzestellen, huet den ECG senge Schüler a Studenten e Challenge proposéiert a Form vun engem Design-Concours. Sou hun 3 Jonker sech dem Challenge gestalt an hun ais e flotten, selwer entworfenen Design proposéiert. De Projet dee mer zesummen mat onsen Partner-ONGen ausgewielt hun,  gouf ausgezeechent am Kader vun enger Praïsiwwerrechung die den 3. Abrëll stattfonnt huet.

Fir de ganzen Event z‘organiséieren huet de Comité „Action humanitaire et solidaire“ vum ECG fléisseg matgehollëf, an awer och Schüler a Studenten die sech spontan gemëllt hun fir eng Hand mat unzepaaken. Sou Eventer beweisen alt erëm dat mir am ECG ais gären engagéieren an de Solidaritéitgeescht präsent ass.

Mir frëen ais schon op nach ganz vill aner flott Initiativen !