|
Méinden, den 3. Abrëll sin ais Schüler a Studenten fir e gudden Zweck gelaaf. Zum Schluss vum Laaf gouf et z’iessen an ze drénken – do gouf een héchstperséinlech vum Direkter zervéiert J Ons 2 Partner-ONGen waren dobäi : OTM Haïti huet der Schoulgemeinschaft en haïtianeschen Punch proposéiert an Frères des Hommes hun mat den Schüler a Studenten e Quiz gemaach ronderëm d’Entwécklungshëllef. De Gewënner krut eng original afrikanesch bronzen Figur. Den Erléis vum Dag geet un ons 2 Partner-ONGen a mir hoffen dass mir hinnen mat onsen Initiativen hëllefe kënnen hier Projeten an den aarme Länner duerchzeféieren. |





