Am Kader vun den Aktivitéiten vum Groupe „action humanitaire et solidaire“ vum ECG huet een Dënsden, 17. Januar 2017 um 13.30 Auer d‘Presentatioun vum Partenariat vun der Schoul mat 2 ONGen (Frères des Hommes an Objectif Tiers Monde) stattfonnt.

 
Zënter September huet den ECG aktiv Schüler die sech engagéiert hun fir e gudden Zweck Initiativen ze ergräifen. Fir de Gedanken vun Solidaritéit an der Schoul ze förderen, war et wichteg e Partner ze fannen, an dësem Kontext eng Associatioun, mat daer een à long terme kéint zesummeschaffen.

Esou huet den ECG eng « Convention de Partenariat » fir 3 Joer mat Frères des Hommes an Objectif Tiers Monde ënnerschriwwen. Am Kader vun dëser Partnerschaft waerten eng Reih Aktivitéiten stattfannen fir d’Schoulgemeinschaft ze sensibiliséieren. De Comité „action humanitaire et solidaire“ organiséiert Spendenaktiounen anhand vun verschiddenen Aktivitéiten déi och als Ziel hun d’Cohesioun vun der Schoulgemeinschaft ze staerken. Esou waert en CharityRun organiséiert gin, wou d’ganz Schoul opgeruff get matzemaachen.

 

 

Och a verschiddenen Coursen waerten d’Themaen ronderëm d’éducation à la citoyenneté opgegraf gin. Dem ECG ass et wichteg den Schüler Werter ze vermëttelen fir aus hinnen engagéiert an responsabel Bierger ze maachen.