Am Kader vun engem Projet op der 11CM4 an der 11CM5 war dën 21.3.2016 de Gerd Kleestadt am ECG. Moies goufen d'Schüler mathëllef vum Film HEIM INS REICH an d'Thematik vum 2. Weltkrich agefouert a Mëttes huet dën Här Kleestadt - Iwwerliewenden vun Bergen-Belsen - iwwert seng Erfahrungen am 2. Weltkrich a virun allem am KZ erzielt. Interessant war, dass dën Zäitzeien och de Lien zu aktuellen Krisen, virun allem der Flüchtlingskris, gemaach huet.

 
(Fotos + Text: Isabelle Schwartz)