D'Mini-Entreprisen 12two10 (12CG5: Eng nohalteg Schachtel fir jiddereen) an Trisch (12CG1, 2 a 6: Trash, Tisch; en Dësch aus engem Verkéiersschëld) vum ECG hu sech bei der éischter Partizipatioun vun eiser Schoul um Forum vun de Mini-Entreprisen - perfekt organiséiert vun de Jonk Entrepreneuren Lëtzebuerg - nawell gutt presentéiert. Et  gouf 7 Nominatiounen an 2 Präisser!


15 Mini-Entreprisen waren an der Course. 10 Präisser gouf et ze gewannen. Fir all Präis waren déi dräi bescht Mini-Entreprisen nominéiert. Just eng konnt gewannen.

Nominéiert waren eis Mini-Entreprisen fir folgend Präisser:

  • Beschte Produit: Trisch
  • Bescht Finanzgestioun: 12two10
  • Beschte Businessplang: Trisch
  • Spezialpräis "Développement durable": 12two10 an Trisch
  • Sympathie (gewielt vun alle Mini-Entrepreneuren): Trisch
  • Bescht Mini-Entreprise: Trisch

Gewonn hunn eis Mini-Entreprisen folgend Präisser:

Beschte Produit: Trisch


 

Spezialpräis "Développement durable": 12two10


Déi zwou Mini-Entreprisen hunn nach e Stock. Maacht Iech also bäi, fir nach esou e priméierte Produit ze ergatteren!

Trisch verkeeft iwwregens nach dëse Samschdeg um Stroosseverkaf an der Stad - se sti virun der ING - an och de 27. an 28. Juni am Belval-Plaza.


De Gewënner vum Owend, déi bescht Mini-Entreprise insgesamt, waren TROMP aus dem LCD. Hinnen eis häerzlechst Felicitatiounen a vill Gléck fir d'Finale zu Berlin.

Weider Detailer fann der bei de Jonk Entrepreneuren Lëtzebuerg ënner http://www.jonk-entrepreneuren.lu/2015/06/tromp-les-gagnants-du-14e-forum-des-mini-entreprises/