Login

 

 

Comment nous contacter?

21 rue Marguerite de Brabant
L-1254 Luxembourg  (plan)
Tél.: 26 04 51 00
Fax: 26 04 51 05
E-Mail: Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

  

Living the future today

Eise Bléck ass no vir a mir profitéieren vun den Erfahrungen déi gemeet gi sinn a riichten eis aus no enger Zukunft mat dynameschen an innovativen Zieler am administrativen an kommerziellen Beräich. Des Schoul ass eenzegaarteg hei zou Lëtzebuerg souwuel wat hier offre scolaire ugeet wéi awer och wat déi héich Kompetenzen am ekonomeschen an am sozialen Beräich betrëfft.

Mir kucken op méi wéi 45 Joer Erfahrung zréck, dovunner 27 Joer am enseignement supérieur. Mir hunn d’Ambitioun eis Schüler an Studenten ze ënnerstëtzen an der Entwécklung vun hirem Ausbildungsprojet, mir ënnerstëtzen an encouragéieren Efforten, Progrèsen an Erfolleger. Eis Schoul ass definitiv op d’Zukunft orientéiert mat engem qualitativ héijem Unterrecht, mam Ziel den Schüler an all sengen Initiativen z’ënnerstëtzen, sief et op sengem Wee zum Héichschoulstudium oder an d’Aarbechtswelt.

Och d’Wirtschaft brauch Mënschlechkeet, brauch Wäerter, Idealer déi eis Schoul fleegen a wou demokratesch Wäerter net eidel Wierder sinn fir dat de Jonken zou engem responsabelen an aktiven Bierger ka ginn. De Schüler soll ugespornt ginn Initiativen ze huelen, seng Stäerkten erkennen an asetzen awer och seng Schwächten opschaffen. De Schüler soll esou fit sinn sech dem Challenge vum Liewen voller Energie ze stellen an seng Pläng ze realiséieren.

Kommt a maacht mat a wann Dir Loscht hutt eis Schoul kennen ze léieren, da fäert net eis ze kontaktéieren – mir freeën eis op Äert Interessen.

 

Joseph Britz, Direkter vum ECG

 

 

 

Aller au haut